Comments on: The Official Formula 1 Website

By: telias
Formel 1: Duerch de Réckzuch vu BMW ass eng Plaz fräi ginn, déi LOTUS lo fir 2010 zougesprach kritt huet. Fir Sauber besteet awer weiderhin Hoffnung.

Lotus 72
3 Teams hate sech fir déi fräi Plaz gemellt, dorënner de Formel 3 Rennstall Litespeed. Aus Litespeed ass bannent de leschte 6 Wochen du Lotus ginn. Hannert de Kulissen huet sech eng mächteg Allianz gebild aus Proton, der Fluchlinn Air Asia souwéi de malaysesche Staat.

Offiziell heescht d'Firma lo 1Malaysia F1 Team Sdn. Bhd.
Teamchef ass den Air Asia Boss Tony Fernandes. Mat vun der Partie sinn och de fréiere Marketingchef vu Red Bull a Ferrari, den Dany Bahar, souwéi eng Lëtzebuergesch Investmentfirma mam Numm “Mangrove Capital Partners”.

Mangrove Capitals ass spezialiséiert op d'Finanzéierung vun Software-Entreprisen an huet viru kuerzem d'Internet-Telekommunikatiounsplattform Skype fir iwwer 3 Milliarden Euro un Ebay verkaf. Patron vun der Boite ass de Gerard Lopez deen an der Formel 1 oft ze gesinn ass. Et ass e gudde Bekannte vum Bernie Ecclestone, a sou ganz niewebäi ass hien de President vum Escher Footballveräin CS Fola.

Uganks hat Mangrove Capitals probéiert d'BMW-Sauber Team ze kafen, gouf dun awer vun Lotus-Grupp op hir Säit gezunn.

Den Headquarter vun der neier Ecurie soll op Malaysia kommen, an d'Géigend vun der Formel 1 Streck vu Sepang. De fréiere Force India Technik-Chef Mike Gascoyne ass responsabel fir d'Konstruktioun vum neien Auto. De Motor dee verbaut wäert ginn ass en Cosworth V8 an d'Boite kënnt vun Xtrac.

Lotus war scho vun 1958 bis 1994 an der Formel 1.